
D’Bréifwal boomt: Vü datt een elo kee Gronn muss uginn fir dës dierfen unzefroen, sinn et der vill méi déi iwwer Bréifwal hier Stëmm ofginn. Ech wollt dat och maachen mä fannen et awer ze komplizéiert e Walbüro doheem opzeriichten fir dann do de Stëmmziedel auszefëllen.
Den traurege Salvini: Dëse krut d’Meenung vum Jean Asselborn gesot. Et hat een e bëssen Angscht datt de Leader vun der Lega, dee jo e richtege Nationalist ass, op de Nations League Match vum F91 géint Milan géif kommen. De Salvini pocht jo op Natioun a League heescht Lega op Italienesch…
Schoulrentrée: No der ganz laanger Vakanz war de 17. September am Fondamental am Fong net just den 1. Schouldag fir d’Léierpersonal mä et war den 30. Schouldag virun der nächster Vakanz.
Brexit an elo? Um Sommet zu Salzburg ass et däitlech ginn datt d’Diskussiounen an enger Sakgaass sinn. Fir datt d’Britten weider gutt Relatiounen behalen mat Europa freet Theresa May bestëmmt geschwënn datt di aner 27 Natiounen och aus der EU austrieden.
Dévaluatioun türkesch Pond: D’Geld huet ëmmer manner Valeur an dem grousse Land; am Fong bal guer keng Valeur méi. D’lescht gouf e Geldconvoi iwwerfall. E puer Stonne drop goufen d’Suen verbrannt erëmfonnt ginn mä d’Camionnette war fort.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...