AUDIO: Flunkernews vum 29. September vum Serge Olmo

Bodycams: Eis Police soll an Zukunft mat klengen Videokameraen equipéiert ginn. Laangfristeg soll een da kënnen dës Filmer gesinn. Gëtt dat vläicht iergendwann eng nei Versioun vu Net-Flics?

Wahllëschten: Net jiddereen vun eisen neien Wieler intresséiert sech immens fir d’Politik. Et huet mech esouguer elo kuerz e Jonke gefrot op wat fir enger Lëscht dann de Grand-Duc wier.

Tirage vun de 16s Finallen vun der Coupe: Et gouf ganz ganz vill iwwer dësen Tirage geschwat esouguer am Ausland. Och wa mer a noer Zukunft kee Videoassistent wäerten um Terrain kréien, da wäert et awer een bei den nächsten Tiragen ginn…

Erdoganvisite an Däitschland: Wann ee matkritt wéi den tierkesche President, esouguer am Ausland, op d’Journaliste klappt da kann ee nëmme schockéiert sinn. No dësen Deklaratiounen géint d’Press kann een sech glécklech schätzen datt et Boulevardzeitungen gëtt wéi d’Bild, d’Bild am Sonntag, B.Z. answ. an et appreciéiert een dës esouguer.

CR7 accuséiert: De Ronaldo gëtt accuséiert am Joer 2009 eng Fra vergewaltegt ze hunn. Um Fluchhafen vu Madeira, dee Cristiano Ronaldo heescht, gëtt sech d’Fro gestallt ob si de Numm bäibehalen. Et kléngt nämlech net gutt wann um Fluchhafe gesot gëtt: «Wëllkomm um Fluchhafen Cristiano Ronaldo fir Viol Nummer ...».

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...