
Pappendag: Et si ganz vill Kandidaten op de Lëschten déi Pappe sinn natierlech och bei de populisteschen Parteien. Di ganz Walcampagne hu si Populismus verbreet. Dëse Sonndeg op Pappendag wäerten si kuerz virun de Walen probéieren mat Papp-pulismus d’Leit ze manipuléieren.
An alt nees blaméiert: Den Trump hat jo Toilettëpabeier un engem Schong pechen wéi hien a säi Fliger geklommen ass. Et wëll ee net wëssen wat hien alles u sengen Suelen gepecht hat mä kloer ass datt wéi hien an d’Haaptstad koum; «Waschschong-ton» um Programm stoung.
Facebook mat risen Sécherheetsproblemer: ronn 50 Milliounen User kruten dat ze spieren. Facebook soll alles méi securiséieren a besonnesch d’Cloud. Et ass schwéier der Cloud ze trauen wann een virun e puer Deeg seng Donnéeën ge-cloud krut.
Walkbinnen: Et kann ee sech virstellen datt um Walsonndeg e puer Geeschtlecher wäerten vun de villen potentielle «Clienten» profitéieren an sech wéi an der Kierch virkommen. Si setzen sech an eng Walkabinn op Knéien, zéien de Rideau zou, a froen di Persoun an der Walkabinn niewendru ob si net wéilten hier Geheimnisser lass ginn an hier Sënne beichten…
Walplakater am Trafic: Di lescht Zäit sinn op munchen geféierlech Plazen kanneränlech Figuren op Trottoiren fixéiert fir datt d’Automobilisten sech der Gefor bewosst ginn an do méi lues fueren. Mat de Walplakater déi op verschiddene geféierlechen Plazen stinn an deemno wien drop ass, fiert een héchstens méi séier.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...