Bréifwahl: Vill Leit kruten hir Convocatioun net. Ech hunn dat souwisou komesch fonnt, datt een op «guichet.public.lu» sech umellt fir d’Bréifwal déi net «public» ass mä strictement «privat».

Tour duerch d’Tierkei: Ganz vill Spezialiste sinn iwwerzeegt, datt an de Bierg-etappen d’Decisioun ëm d’Schlussvictoire géif falen. An engem Land, wou de Pouvoir ëmmer méi an enger eenzeger Hand ass, wäert et ëmmer méi rare ginn, datt d’Bierger decidéieren...

Walen a Brasilien: De Kandidat vun de Rietsextremen, deen den 1. Tour vun de Presidentewale gewonnen huet, gëtt «Brasilianeschen Trump» genannt. D’Mexikaner fäerten, datt dësen och elo eng Mauer op hir Grenz wëll bauen, obwuel d’Länner emol keng Nopere sinn.

Wonschkandidat vum Trump: De Brett Kavanaugh ass elo awer an d’Cour Suprême opgeholl ginn. All déi, déi hien net wollten, kruten hie net ewech. Et ass also net zu engem Brett-xit komm.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...