AUDIO: Flunkernews 36/18

D’CSV awer vläicht an d’Regierung: Si hunn d’Hoffnung nach net ganz opginn. Allerdéngs schéngt mer di eenzeg realistesch Chance ze sinn, datt d’CSV an d’Regierung kënnt, datt si ee vun de Leader vun der DP, deene Gréngen oder der LSAP iwwerzeege bei d’CSV eriwwer ze wiesselen.

Ongülteg Stëmmziedelen: Et goufen der nach ni esouvill gezielt, wéi bei dëse Walen. Wann dës all fir ee wiele géifen, dann hätt dee nawell vill Stëmmen. Vläicht kënnt e populistesche Politiker op d’Iddi, eng nei Partei ze grënnen, déi zum Beispill «Déi Ongülteg» géif heeschen.

Halloween ganz geschwënn: Et sinn der déi géifen et begréissen, wann d’Walplakater nach bis Halloween géife stoen bleiwen. Et kënnt ee se da schéi fir Halloween bemolen. Verschidde Kandidateportraite wieren awer schonn esou fir Halloween ganz Okay.

De Robert Mehlen fecht d’Wahlresultat un: Den ADR-Politiker wëll viru Gericht goen. Dem Mehlen no hunn zum Beispill d’Leit aus dem Bezierk Osten manner Stëmmrecht wéi d’Wieler aus dem Zentrum. Okay, mä wat sollen d’Leit aus dem Weste soen?

Kach a Wäissrussland: D’Lëtzebuerger Nationalequipe hat jo fir den 3. Match an der Nations League e Kach mat a Wäissrussland geholl. Wann ee kuckt wéi schwaach San Marino am 4. Match géint Lëtzebuerg war, da kënnte béiss Zongen behaapten, datt d’San Marinesen 11 Käch um Terrain haten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...