Nees ee gefeiert: Den Amerikanesche President huet elo de Justizminister Jeff Sessions eraus geheit. De Sessions war scho méi laang e Problem an der Affär wou ëm di russesch Hacker geet. Firwat dann elo grad de Matt Whit-Hacker als Nofolger huelen?

Fettnäppchen: De Patrick Stumpf vum F91 hat zu Athen fir eng grouss Polemik gesuergt wéi hien mat sengen Hänn den Albaneschen Adler soll nogemaach hunn. Am Fong wollt awer den Diddelenger just en Zeechen maachen u säin ex Spillerkolleg dee vun der UNA Stroossen huet misste goen, mer schwätzen hei vum Grégory Adler.

Nees eng Masseschéisserei: Muss et da wierklech esouwäit kommen datt et am Amerikanesche Senat zu esou enger Schéisserei kënnt bis dem Trump a seng Supporter endlech verstanen hunn datt et Problem vum Waffegesetz ass...

Surrealistesch Pressekonferenz: Direkt no der chaotescher Pressekonferenz am Wäissen Haus krut de Jim Acosta vun CNN seng Accreditatioun ewech geholl. CNN sicht d’Wäisst Haus un; et muss een seng Accreditatioun wuel virun enger Pressekonferenz weisen et dierf een se awer net dono gefrot ginn.

Pappentest: Den ex Belsche Kinnek Albert II muss en Test maachen fir ze gesinn ob hien de biologesche Papp ass vum Delphine Boël oder net. Dës Kéier gëtt net gekuckt ob hien zu der famille royale de Belgique gehéiert mä éischter zu der famille de Boël-gique...

AUDIO: Flunkernews 39/18

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...