
Trump an Archeologie: Den Amerikanesche President seet vum sengem ex Staatssekretär Rex Tillerson dee wier domm wéi e Steen. Soss huet hien den Rex T. esou gelueft. Mer wëssen net ob dësen domm ass mä den T-Rex passt ganz gutt bei d’Steinzeit.
D’Press war richteg gutt: Di lescht Deeg ware vill Informatioune virun der offizieller Annonce filtréiert am Kontext Regierung. Vill Reuniounen vun de Verhandlungsdelegatiounen waren am «Ausseministère». Et war och ëmmer gesot ginn datt dat wat an de Reunioune gezielt gëtt dobanne muss bleiwen. Objektiv ass dat awer net einfach am «Exterieur».
COP 24: De Staatschef war fir Lëtzebuerg present. Wier et net méi ubruecht gewiescht den Etienne Schneider oder de Felix Braz dohin ze schécken well et war jo zu Kato-Vize?
Beonrouegung am Prostitutiounsmilieu: Vill vun de schéinen Dammen kommen aus Afrika a muncher och aus Gambia. Dës hu verschidden Decisioune vun der neier Regierung matkritt mat deenen si net gutt kënne liewen a virun allem datt den ëffentleche Verkéier soll gratis ginn.
Den Dag vun der Wourecht: Kleeserchersdag ass deen Dag am Joer wou d’Elteren dacks hire Coming Out musse maachen haaptsächlech wa si vun hire Kanner beim Kamäin erwëscht ginn mat de Kaddoen. De Kanner dëst Geheimnis mussen ze soen ass guer net einfach besonnesch bei deem «Kamin-out».
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...