
Gambia oder net Gambia: An der Chamber huet de Minister Bausch gefrot datt net méi Gambia soll gesot ginn fir d’Majoritéit. Hu mir eis da schonn gefrot ob d’Awunner vu Gambia iwwerhaapt wéilten datt mer eis Majoritéit no hirem Land benennen?
Känguru: Den ADR Deputéierten Kartheiser war guer net frou dat Fondamentalsschüler en Theaterstéck kucke waren wou en homosexuellen Känguru dra war dee geboxt huet. D’Parlementaresch Fro an d’Äntwert waren ëm Kleeserchersdag. Loosst dach ëm Kleserchersdag d’Fangeren eweg vun de Boxemännercher ob als Briosch oder als Känguru !
Gilets: De Samschdeg 8. Dezember ware ganz vill Gilets Jaunes zu Paräis ënnerwee. E Sonndeg 9., um 1. Anniversaire vum Johnny Hallyday sengem Begriefnis, huet een och nees vill Leit gesinn zu Paräis an dat mat Gileten mam Idol sengem Numm drop. Dat waren dann éischter Gilets John.
Mësstrauensvott: Vill Tories wollten d’Premierministerin net méi hunn et koum zu Wahlen. Ganz vill Konservativer wollten also keen «Tori-sa Méi»…
D’Equipe Sky hält 2019 op: Di bekannt Britesch Velosequipe, déi di 4 lescht Tours de France gewonnen huet, hält also nom Brexit op. Ass dat och eng Konsequenz vum Austrieden aus der EU? D’Velosupporter sinn entsat. Am Frankräich ginn di rosen Gilets Jaunes op d’Strooss an England vläicht geschwënn di rosen Maillots Jaunes.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...