
Héichwaasser a Radaren: Laanscht Musel waren Ufank 2018 verschidde Stroossen immens dacks a vill iwwerschwemmt. Et gëtt elo driwwer nogeduecht, datt an deem Fall d’Radare laanscht Musel sollen ab der Vitess vun 48,6 Kniet blëtzen.
Rallye Dakar: De Grand-Duc an eis Delegatioun waren Ufank Januar nëmmen e puer Stonnen no der Arrivée vum Dakar am Senegal ukomm fir eng offiziell Staatsvisitt. Si hunn also d’Arrivée vum Rallye Raid verpasst. Besonnesch well d’Arrivée zu Cordoba an Argentinen war.
Walen a Russland am Mäerz 2018: D’Russe sinn einfach geblennt vum Putin. Et gi Geschichten iwwer hien erzielt, déi hie quasi vergëttlechen. Kuerz virun de Walen war ze héieren, datt hien esou intelligent wier, datt hie kënnt bis onendlech zielen an souguer vun hanne no vir …
No den Ofsoen elo englesch Wochen: Am Futtball waren zwou englesch Woche programméiert, wou also um Sonndeg a Mëttwoch gespillt gouf. Wann et an der héchster Divisioun englesch Woche sinn, dann an der 2. héchster Divisioun éischter iresch Wochen, well et ass jo d’Éire-Promotioun ...
Chamberleaks: Den 100,7 hat dat jo am Mäerz opgedeckt an dat ouni ze hacken. Et ass duergaangen eng URL, also eng Webadress, unzeginn, fir kënnen u brisant Infoen ze kommen. Kee Wonner, datt grad de Radio Soziokultu-URL op déi Iddi koum.
Streik op der franséischer Bunn: D’Leit haten am Abrëll ugefaange, d’Gedold ze verléieren wéinst de Monster Retarden an Annulatiounen. Ech war awer immens iwwerrascht, datt ech zimlech mat Zäiten mäin Zuch krut. Ech krut allerdéngs vun engem Schaffner gesot, datt dat am Fong den Zuch vum Dag virdru war…
Den Armstrong hat 5 Milliounen Dollars bezuelt: dëst am Abrëll, fir d’Poursuitten géint sech ze stoppen. De Floyd Landis hat säin Ex-Leader viru bal 10 Joer beschëllegt a war ee vun den éischte Whistleblowers. Ass et, well hie géint den Armstrong ausgesot hat, datt hien als Lance-eur d’alerte ugesi gëtt?
Visitt vum Macron beim Trump: Déi Visitt war Ufank Mee grad an där Period, wou esou vill iwwert d’Waffen an den USA geschwat gouf. Et gouf wärend der Visitt immens vill driwwer gelästert, datt béid Presidente sech déi ganzen Zäiten ugepaakt hätten. Munchereen sot, et wier fir ze kucken, ob säin Presidentekolleg eng Waff hätt.
De Royal Wedding am Mee: Et si ganz aner Zäite beim Royal Wedding, well 1936 hatt den Edouard VIII missten ofdanken, well hie sech mam Wallis Simpson bestuet hat, wat gescheet war. Dem Meghan Markle ass et, als gescheete Fra, definitiv besser ergaangen, wéi dem "Wallis", well d’Meghan gouf elo bestuet mam Harry vun de "Waliser".
Rietsruck: Enn Mee gouf an Italien decidéiert, eng Regierung mat de Rietspopulisten ze maachen. D’Lega mécht bal esou krass Deklaratioune, wéi den Orban aus Ungarn. Wann een den Italienesche Fändel hëlt an et dréint een dësen 270° natierlech no riets dann huet een den ungaresche Fändel.
Elektroautoen: Et ass ëmmer méi en Thema. Op ville Plaze fënnt ee reservéiert Plazen fir dës Autoen. Op deenen selwechte Plazen fënnt een och richtegerweis Behënnerteparkplazen. Ech hunn allerdéngs nach ni eng reservéiert Elektroautoplaz gesinn, fir behënnert Leit…
Saudi Arabien: Vum Juni un dierfen d’Fraen de Führerschäin hunn a mam Auto fueren. Ee bis elo onbemierkte Problem vun der Polygamie kënnt op an zwar musse vill Männer bis zu 4 Autoen pro Stot kafen. Domm gaangen…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...