Vakanzenzäit: An der Vakanz beweegt een sech manner, et faulenzt een an et huet een Zäit, fir ze liesen. Déi Kiloen, déi een an der Vakanz bäihëlt, sinn dacks proportional zum Gewiicht vun de Bicher, déi ee liest.

Ex-Diktator: De Kadhafi, dee wahrscheinlech op Kaméilen an der Wüst op der Flucht ass, äntwert net op d’SMSen. Iwwer Internet äntwert hien heiansdo. Hie kann zwar net simsen, mä ka mailen.

Kee Prozess: Grad zu der Zäit, wou de Jacques Chirac annoncéiert huet, krankheetshalber net bei sengem Prozess present ze sinn, koum den Dominique Strauss-Kahn zeréck a Frankräich. Munchereen huet gemengt, de Strauss-Kahn kinnt de Chirac beim Prozess ersetzen. Hien hätt jo schliisslech e Prozess verdéngt.

Liichtathletik-WM: Den Usain Bolt soot ëmmer, hie wier senger Zäit viraus. Dat war hie virun allem beim Depart vun der Final vum 100 Meter ...

Aner Sponsoren: Well Leopard déi Lëtzebuerger Equipe ass mat de gréissten Erfolleger, ass dru geduecht ginn, d’Rout Léiwen no der Victoire géint Albanien "Rout Leoparden" ze nennen. Mä grad zu där Zäit ass et offiziell ginn, datt et d’Leoparden net méi wäert ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...