
Algen am Stau: De gréngen Teppech um Waasser war absolut net agreabel. Munchereen, dee gemengt huet hie géif eppes vun Ekologie verstoen, sot, datt esou grénge Stroum géif produzéiert ginn.
Schoulrentrée: No der ganz laanger Vakanz, war de 17. September am Fondamental am Fong net just den 1. Schouldag fir d’Léierpersonal mä et war den 30. Schouldag virun der nächster Vakanz.
Bodycams: Eis Police soll an Zukunft mat klengen Videokameraen equipéiert ginn. Laangfristeg soll een da kënnen dës Filmer gesinn. Gëtt dat vläicht iergendwann eng nei Versioun vu Net-Flics?
Wallëschten: Net jiddereen vun eisen neien Wieler hat sech immens fir d’Politik intresséiert. Et hat mech esouguer e Jonke gefrot op wat fir enger Lëscht dann de Grand-Duc wier.
Ongülteg Stëmmziedelen: Et goufen der nach ni esouvill gezielt, wéi bei dëse Walen. Wann dës all fir ee wiele géifen, dann hätt dee nawell vill Stëmmen. Vläicht kënnt e populistesche Politiker op d’Iddi, eng nei Partei ze grënnen, déi zum Beispill «Déi Ongülteg» géif heeschen.
Bréifbommen an de States: Et ass opgefall datt all d’Leit déi am Oktober esou e Bréif vun deene Feiglingen kruten, dee selwechte Saz an hirem Courrier stoen haten. Mer soen iech awer net wat do stoung. Dat wier nämlech geféierlech well et war e «Sprengsaz».
Accord bei de Grenzen: Et schéngt esou ze sinn datt et en Accord kéint ginn am Kontext Brexit fir d’Grenz tëscht Nordirland an der Irescher Republik. D’Fro war ob een do op der Grenz nach Douan-Iren brauch?
Neien Brexitminister: Et gouf alt nees e neien deen an der May-Regierung op dem Posten sëtzt. Et ass normal vü datt d’Britten „austrieden" datt et dofir en eegenen „Res-Sort“ gëtt.
Plazen fir d’Elektroautoen ze lueden: En Doudewon stoung d’lescht op enger Plaz fir Elektroautoen a gouf vun engem Elektroautochauffeur opgefuerdert ze réckelen well seng Autosbatterie bal platt wier. De Chauffeur vum Doudewon huet refuséiert a sot hie wier richteg well et wier jo eng Plaz fir d’Lueden.
„Implants Files“: No déiwen Investigatiounen war am November kloer erauskomm datt et ganz schlëmm Fraude ginn bei den Implantater haaptsächlech well dës dacks net aus dem richtegen a virun allem gudden Materiel hiergestallt ginn. Vill Leit schéngen dat awer gewosst ze hunn well verschiddener vu menge Kollegen sote mer si hätten e falschen Knéi oder eng falsch Hëft…
Trump an Archeologie: Den Amerikanesche President sot vum sengem ex Staatssekretär Rex Tillerson dee wier domm wéi e Steen. Soss huet hien den Rex T. esou gelueft. Mer wëssen net ob dësen domm ass mä den T-Rex passt ganz gutt bei d’Stein-zeit.
D’Press war richteg gutt: Di lescht Deeg ware vill Informatioune virun der offizieller Annonce filtréiert am Kontext Regierung. Vill Reuniounen vun de Verhandlungsdelegatiounen waren am «Ausseministère». Et war och ëmmer gesot ginn datt dat wat an de Reunioune gezielt gëtt dobanne muss bleiwen. Objektiv ass dat awer net einfach am «Exterieur».
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...