
Grenzen zu Mexiko zou? Elo kuerz virum éischte Grand Slam Tournoi zu Melbourne wëllen d’Mexikaner vun där enger a vun där anerer Säit vun de Grenzbarrièren zu den USA Tennismatcher spillen. Et ass dat de Mexikaneschen « Grenz Slam ».
Wandpark: Virun e puer Deeg hunn d’Leit vu Uewerkuer gestaunt wéi et um Site, wou de Wandpark soll hikommen, e rise Lach am Buedem war. Ass de Buedem do stabel genuch, ass genuch Wand op der Plaz? Mir kënnen dat net behaapten ob genuch Wand do ass mä op jiddefalls ass do de Moment emol déck Loft.
Freedefeier bal iwwerall verbueden: Op Silvester duerften also quasi keng Feierkierper oder Rakéite geschoss ginn. An der Gemeng Betzder war et allerdéngs toleréiert. Et wier och net ze verstoe gewiescht datt, do wou mat der SES di 2. gréisst Satellittegesellschaft vun der Welt hire Sëtz huet, keng Rakéiten dierfte geschoss ginn.
Nom Verbuet am Kontext Plastiktuten: A noer Zukunft kann een sech virstellen datt en Dealer festgeholl gëtt well hie Cannabis verkeeft an enger Plastikstut. D’Police wäert hien dann wéinst der Plastiktut pëtzen…
Kaddoen op Chrëschtdag: Soss war et eng kleng Katastroph wéi ee vergiess hat de Präis vun engem Kaddo erof ze huelen. Elo ass et besser et léisst een de Präis drop ; dat mëscht d’Saach méi liicht well ëmmer méi Kaddoe jo souwisou weiderverkaf ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...