Schoulsäck: Laut Etuden sollen d’Schoulsäck vun de Kanner vu 4 bis 5 Joer net méi wéi 1 Kilo weien. Am Alter vu 6-7 Joer sollen se net méi wéi 2 Kilo schwéier sinn. Wann se 8-9 Joer hunn, kënne d’Schoulsäck bis bis zu 3 Kilo weien. No 10 Joer kënne d’Säck e Gewiicht vu 4 Kilo hunn. Wat en Zoufall; d’Gewicht vun de Schoulsäck an d’Schoul-Zyklen stëmmen genee iwwereneen…

Di lénks Parteien interesséieren sech vill méi fir den Internet: D’Sozialisten hu wëlles eng App ze maachen. De Numm ass LS-APP-P. Bei den Lénken op der Homepage kënnt een op hire Site vun de Wahlen wann een op de richtege Lénk klickt.

Gemengewahlen: D’Lëschten vun alle Parteien sinn elo clôturéiert ginn. Et si nees vill ze vill Männer op de Lëschten par Rapport zu Fraen. Am Fong geet et jo och drëms Mann-dater ze verginn.

Velo WM:  Nodem den Andy Schleck e Wäisheetszant gerappt krut soll hien eng Wäisheet gesot hunn. Hie mëscht net mat op der WM zu Kopenhagen. An Dänemark huet hie net vill Chancen well net genuch Koppen um Parcours sinn.

D’Jeannie Logo ass wahrscheinlech gedoppt: Normalerweis ass et mat 52 Joer an dat am Joer 2011 Schluss mat der Vëloschampionne hirer grousser Carrière. Am Velo geet et scheinbar net méi wäit wéi 52. De Maximum beim Braquet op der Strooss ass och  52/11.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...