
Schëffleng laacht a kräischt: De Schëfflenger Gilles Müller ass bestëmmt frou iwwer seng Resultater an - wéi mer all - immens rosen iwwer di inacceptabel Noriichten aus der Stolindustrie. Schëffleng mécht zou an de Gilles mécht exzellent Resultater an engem Open.
D'Mamme sinn net frou: Et ass onfair; dësen Oktober gëtt et 2 Mol hannerenee Pappendag. De 2. Oktober ass den normale Pappendag. Eng Woch drop ginn dann d'Gemengepäpp gefeiert.
Feierlechkeeten: D'100 Joer vun der Stolindustrie si bal de selwechten Zäitpunkt gefeiert ginn wéi d'Vereedegung vum Jean-Claude Hollerich. Et sollt ee Moment zesumme gefeiert ginn, mä da wier herno vläicht vum Eisen-Äerzbëschof geschwat ginn.
De Strauss-Kahn live an de franséischen Noriichten: Hie soll elo a muench europäesch Länner goen, fir sech z'erklären. De Strauss-Kahn fänkt un op engem italienesche Privatsender, deen dem Berlusconi gehéiert. Den italienesche Premier versteet de Strauss-Kahn bestëmmt ganz gutt.
Réiser Gemengerot an den nationalen Akafszenter: Et ass méi iwwer de Reklassement vum Terrain an der Réiser Gemeng geschwat ginn wéi bestëmmt herno iwwert d'Klassement vun eiser Nationalequipe geschwat wäert ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...