Pappendag: Wéinst der Aktualitéit; Proactif an dem Projet Léiweng passéieren op mannst 2 bekannt Leit an der Gemeng Réiser en onrouegen Pappendag an zwar de Robert Weber de Gemengepapp Tom Jungen. Dës zwee Päpp wunnen och grad zu Päppeng.

D’ASBL an der Kritik: Nodem wat di lescht Deeg bekannt gouf iwwer d’asbl déi vum LCGB gegrënnt gouf ass der hire Numm ganz passend well geschwënn gëtt de Pro...cureur...actif.

 

Fraen kréien méi Rechter…: D’Frae solle jo a geschwënn op der gréisster arabescher Hallefinsel wiele kënnen. An dem islamesche Land gëtt jo kee Schwéngefleesch giess. De Respekt ass virun allem grouss fir di weiblech Schwäin dofir heescht d’Land jo Sau-di Arabien.

Geschwënn gëtt gewielt: Virun de Wahlen gëtt bei all Persoun déi op enger Lëscht ass, gekuckt ob si dat alles kann wat se versprecht. Dofir heescht déi Persoun di gewielt soll ginn „Kann di dat“?

Europäescht Joer: Den DSK war jo nees beim Riichter wéinst engem présuméierten Viol. De Franséischen Poliker ass definitiv d’Aushängeschëld fir „2011 Europäescht Joer vum Bénéviolat“.


Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...