Personalpolitik um Haff: De Fraktiounspresident vun der LSAP wëll méi Kontroll an Transparenz vun de Personalfraisen um Haff. Kloer ass datt hien ni do géif schaffen zu Beispill als Bodry-guard.

Nächste G7: Et gëtt jo bestëmmt och e bëssen mat chique sportlechen Aktivitéiten op esou engem Sommet relaxéiert. De President Trump huet fir den nächsten Sommet zu Miami a säi Golf-klub invitéiert. Dat passt well de leschte G7 war jo zu Billard-ritz.

De Bolsonaro huet sech nees blaméiert: Hien huet di katastrophal Bëschbränn am Amazonas grad esou katastrophal geréiert. Viru Kuerzem gouf hien elo operéiert a dierf keng Medikamenter huelen déi d’Blutt verdënnen. Wéi mat de Bëschbränn gëtt et also do och näischt mat den Anti in-Flammatoires.

Leider nees Accidenter mat Wëllschwäin: Mir hunn iwwerall bei eis Zebrasträifen obwuel et di Déieren hei net gëtt. Well et ze vill Accidenter gëtt mat Wëllschwäin, wier et da net méi ubruecht Wëllschwäisträifen op eise Stroossen ze hunn?

Grönland bleift Dänesch: Den amerikanesche President wollt di riseg Insel kafen wéinst den natierlechen Ressourcen déi et do ginn, awer och aus strategeschem Intressi. Hien hätt d’US Navy gutt do stiationéiere gesin. D’Insel bleift awer skandinavesch an et kënnt keng Scandi-Navy dohinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...