Irankris: Et wier onheemlech wichteg wann d’USA an den Iran mateneen géifen kommunizéieren well et riskéiert eng nuklear Katastrophe ze ginn. Kann da keen dem President Trump soen hie soll sech beim President Rohani mellen well dee ganz vill Infoen iwwer dem Joe Biden seng Famill a Frënn hätt…

D’Demokratie funktionéiert nees: Di britesch Deputéiert sollte jo 5 Wochen net méi siegéieren an haten bal all eng Vakanz gebucht. Nom spontane Geriichtsuerteel géint de Boris Johnson konnte si awer quasi all nees direkt an den Asaz well kee fort koum wéinst der Thomas Cook Faillite.

D’Gaardenhaiser, Politik a neie Stadion: Et goufen elo kuerz Demissiounen zu Biissen am Schäfferot. Do hänkt di ganz politesch Kris jo zesummen mam Datazenter vu Google. Et war ze héieren datt et en Data-Gaardenhaus soll ginn wat anscheinend di verschidde demissionär Politiker net konnten akzeptéieren.

Internationalen Tennis-Dammentournoi: Dëst Joer ass op der Kockelscheier de Plateau wierklech richteg staark an et freet een sech fir di ganz flott Coupen vun de Spillerinnen ze gesinn haaptsächlech d’Coup Droiten. Am Fong muss am Tennis bei de Spectateuren de Kapp permanent vu riets no lénks a vu lénks no riets goen. Firwat schwätzt een da grad do vu «cou droit»?

Ëmmer méi tätowéiert Fussballspiller: Et ginn Ekippen déi kee Spiller méi hunn ouni Tattoo. Wéi och bei deenen meeschten aneren Ekippen ass bei hinnen de Spillsystème en Tätovéier-4-2.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...