Flunkernews 28/19

Liichtathletik WM zu Doha: Fir datt staark Leeschtungen gewise kënne ginn huet missten de ganze Stadion enorm klimatiséiert ginn. D’Athleten, déi déi bescht Zäiten realiséiert hunn, waren an dësem Fall definitiv déi klimati-séierst.

Groussbrand bei der Euro-Composite: Obwuel et massiv gebrannt huet ass d’Info komm datt d’Uebst an d’Geméis ka consomméiert ginn. Et kann een deemno och zu Iechternach de Moment mat verschiddenen Zaloten aus dem Gaart eng Salade Composite maachen.

Dron um Josy Barthel: Nodeem en Dron mam Armenesche Fändel fir grousse Duercherneen gesuergt huet, gouf decidéiert datt eis Arméi wäert en Dron prett hale fir di nächst Kéier kënnen ze reagéieren. Nom Dron mam Armenesche Fändel wäert dann an Zukunft en Armée-neschen Dron kommen.

Riseg Konsequenzen mussen droen: Den ex Buergermeeschter vun Déifferdeng huet seng Mandater missten opginn fir eppes wat net esou schlëmm schéngt. War net och vläicht am Traversini «Rob»erto sengem Gaardenhaus eppes mat enger Gaarde-«Rob»?

Ibiza Affär: D’FPÖ huet Stëmmen a Sëtz verluer wéinst där Affär ronderëm dem Strache. Sëtz si jo «Seat» op englesch. Huet dat eppes mat Seat Ibiza ze dinn?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...