Flunkernews 29/19

Suite vun der Dronenaffär um Josy Barthel: Dëst ass déi Deeg geschitt wou d’CSV bei der DP an der LSAP inoffiziell probéiert huet fir an d’Regierung ze kommen. Et wier also keng Gambia-Koalitioun méi mä eng Rout-Blo-Orange Koalitioun; also d’Faarwen vum Armeneschen Fändel. Dofir soen Verschiddener datt dee mam Dron um Fussball en CSV Aktivist war.

Synod iwwert den Amazonas: De Poopst a seng Kardineel hunn dëse programméiert fir virun allem iwwert d’Bëschbränn ze sensibiliséieren. Och wann den Jean-Claude Hollerich elo Kardinol ass, mëscht hien hei awer als Äerz«bësch»hof mat.

Debatten no der Ried zur Lag vun der Natioun: 3 Punkten goufen jo besonnesch op de Leescht geholl ënner anerem och de Brexit. Och wann d’Ried fir d’Oppositioun guer näischt bruecht huet da kënnen awer wéinstens di britesch Deputéiert, déi nees net dierfe siégéieren, eppes iwwert de Brexit gewuer ginn.

Endlech Salairegerechtegkeet gefuedert: De neien EU-Kommissär Nicolas Schmit huet festgestallt datt uechter Europa de Lounënnerscheed tëscht Mann a Fra, fir di sewescht Qualifikatioun, bis zu 50% ass. De Kommissär ass zouversiichtlech datt geschwënn Fraen a Männer dat selwecht um Paiziedel wäerten hunn. Verschidde Fraen wäerten da leider just all zweete Mount ee kréien.

E-Scooteren an der Stad: E beemol waren dës do an et ass op der Gemeng keen zoustänneg dofir. Esou wéi de leschte Week-end eise neien Chef-Scout presentéiert gouf misst et an der Stad och en Chef-Scooter ginn…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...