Ënnerscheed tëscht islameschen- an eise Politiker: Di islamesch Politiker bieden an Direktioun Mecca a stinn dozou. Verschiddene vun eise Politiker hunn an Direktioun Becca gebied a wëllen näischt méi dovu wëssen.

Finanzplaz: D’Gefiller vun der Leit bei der BIL ginn hin an hir gezunn wéi bei engem Akkordeon. Et kann een se dach net einfach esou an der Loft hänke loossen. Si musse ganz séier en sécheren Accord fannen bei der DEX-Zieharmonika-BIL.

Nobelpräisser: Dës Deeg gouf jo de Friddensnobelpräis verginn. Eisem Finanzminister seng Declaratiounen iwwert de Budget an der Dexia hunn hei net fir Fridde gesuergt. De Minister huet seng Roll awer perfekt gespillt a verdéngt de Friedens Nobelpräis.

Lescht Matcher an der EM-Qualifikatioun:
Et ass am Football nach net ganz sécher ob Griichenland 2012 beim EURO wäert dobäi sin. D'Chancen sin awer do  méi grouss dat se am Football an der EURO-Zone bleiwen wéi an der Economie.

Zuschauerzuelen am Football: Vum nächsten Week-end un ginn d’Zuschauerzuelen am Football nees erof; net nëmmen well d’Wierder méi schlecht gëtt mä well vun elo un d’Politiker net  méi esou vill op d’Terrainen kommen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...