Bancomat: Grad déi Deeg wou di Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt war, gouf zwee Mol e Bancomat bei eis am Land gesprengt. Et soll jo en SUV mat Belsche Placken am Coup sinn. Déi zwou Explosiounen goufen phaseweis méi kommentéiert wéi d’Visitte vum SUVerain vun de Belsch.

No der Waffepaus hoffentlech de Fridden: Di Waffepaus soll genotzt ginn am Konflikt ronderëm d’Kurden fir datt definitiv nees rou an d’Géigend kënnt. Spéitstens fir Halloween soll dann am sougenannte Kürbistan nees Fridde sinn!

Jughurt-Ris «FAGE»: Et ass nach net ganz sécher ob di Griichesch Entreprise de Bau vun der Fabrick tëscht Beetebuerg an Diddeleng ka starten. Hannert dem Projet steet deemno nach e FAGEzeechen.

Clash am Parlament: En ADR Deputéierten huet den Ausseminister schaarf attackéiert am Kontext vun der Flüchtlingspolitik. De Minister Asselborn huet d’Argumenter vum ganz rietsen Poltiker komplett auseneen gepléckt an dësem seng Argumentatioun ass deelweis zesumme gefall wéi «Haiser aus Kaarten». Vläicht heescht deen Deputéierten och net fir näischt «Kartheiser».

Budget 2020: An deem Budget sinn di meescht Suen am Kontext Klimawandel virgesinn. Et stellt een sech d’Fo ob een net dem Greta Thunberg, wat leider de Nobelpräis net krut, hätt sollen ubidden fir Rapportrice vun dësem Budget 2020 ze ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...