Flunkernews 31/19 vum Serge Olmo

Besënnlechen Feierdag: Grad an dëser Phas vum Joer ëm Allerhellgen geet bal jiddereen seng Pneuen wiesselen mat- oder ouni d’Felgen. Fir d’Garagisten ass de Feierdag deemno souwisou Allerfelgen.

Bommen zu Lëtzebuerg: Nodeem 2 Bankomater gesprengt goufen an en SUV mat belsche Placken am Coup soll geiwescht sinn, gouf eng 250 Kilo schwéier Bomm vum 2. Weltkrich fonnt. Och do gouf en SUV mat Belsche Placke gesinn. Ah jo, dat war den Auto vun de belschen Demineuren…

Ekonomesch Sanktiounen: Den Amerikaneschen President spillt mat den ekonomeschen Sanktiounen. Den Tierken hir ass gestoppt mee et gi Sanktiounen géint kleng Länner, wéi och géint grouss Länner an esouguer géint Partner. Anscheinend gëtt och dru geduecht Stroftaxen géint de Vatikan ze decidéieren. Do wieren et richteg Sankt-tiounen.

Keng WM: Zu Santiago, der Chilenescher Haaptstad, huet di Lëtzebuerger Karate Jugend-Nationalequipe d’WM missten ofsoen well si aus hirem Hotel evakuéiert huet misste ginn. D’Manifestanten hu sech deelweis vum Fonktionnement vun de Giele Gilleten inspiréiert. Hei gëtt ebe just vu «Chile jaunes» geschwat.

Aarbechtsvisitt a China: De Minister Bausch ass a China geflunn, ënner anerem op Chengdu, fir wichteg ekonomesch Accorden z’ënnerschreiwen. Ëmmer méi europäesch Länner hunn och esou Accorden mat Chengdu well di Stad ganz zentral läit. Et gëtt an Europa ëmmer manner vum Schengener Accord geschwat a méi vum Cheng-du-ener Accord.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...