Flunkernews 32/19 vum Serge Olmo

Tennistournoien op Allerhellgen: Hei zu Lëtzebuerg gëtt zu Péiteng bei den Damme gespillt, bei den Hären ass et op héchstem Niveau zu Paräis. Déi Traditioun, ëm Allerhellgen an Allerséilen Tennis ze spillen, gëtt et schonn zanter der grousser Epoch vum Steffi Graf a vum Arthur Ash.

A3 a Bréck: Dëse Weekend ginn grouss Aarbechten op där Autobunn realiséiert an et gouf en Deel blockéiert. Et gouf um 31. Oktober vill un der Wëldbréck geschafft an d’Leit hu misste vun der Autobunn erof. Also dach e Bréck-xit um 31.10.

Im-peach-ment oder net?: D’Prozedur leeft emol an den Trump ass richteg genervt. Zanter der Prozedur refuséiert hien och Pijen z’iessen. Den Amerikanesche President war op jiddefalls och beleidegt, wéi de President Macron e Rendezvous ofgesot huet wéinst engem «em-pêche-ment».

Dateschutz: Dat ass zanter enger Zäitchen en aktuellt Thema och elo am Kontext Gewaltentrennung. Dëser Deeg gëtt jo och weider iwwer den Google Datenzenter an deem säi Standuert diskutéiert. Et schwätzt een hei am Land deemno ëm Halloween vill vu Kür-Biissen.

Trennungen: D’Trennung vu Kierch a Stad ass en Thema wéi elo och d’Gewaltentrennung. Fir d’Kierche vum Buedem bis de Plafong an der Rei ze halen, froe verschidde Poren Donen bei de Leit. Bei der Gewaltentrennung gëllt et net de Plafong, mä just de Parquet an der Rei ze behalen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...