Flunkernews 33/19 vum Serge Olmo

Lëtzebuerg-Ukrain d’Suite: Lëtzebuerg krut jo am Fussball ni um gréngen Dësch seng 3 Punkten géint d’Ukrain. Dës Woch war vläicht en Zeechen an dem Sënn. D’Malu «Dreyer» war jo hei, d’Ministerpresidentin vun Ukrain-land Pfalz.

30 Joer Fall vun der Berliner Mauer: Den 9. November 1989 war en historeschen Datum wou vill Leit, déi sech gären haten, nees zesumme koumen. Am Fong misst dat den Dag vun der Léift sinn a net de 14. Februar. Et géif een dann einfach soen de 9. November wier Wall-entinsdag.

Affär vun der offizieller Mailadress: Et gëtt vill driwwer geschwat, datt d’Corinne Cahen e Mail geschéckt huet, wou et ënner anerem drëms goung, zu Gonschten vum Buttek vun hirer Famill z’intervenéieren. Ass dat da net normal fir d’Familljeministesch?

Klimakonferenz: D‘Greta Thunberg refuséiert e Fliger ze huelen, fir aus Amerika a Spuenien ze fléien fir d’COP 25, dëst natierlech well d’Fliger enorm vill CO2 an d’Atmosphär verbreeden. Ech vermeiden, wéi ganz vill aner Leit och, de Fliger ze huelen. Vläicht war dat am Fong ni Fluchangscht, mee CO2 Angscht.

Trump a Klimawandel: Vläicht kinnt een den amerikanesche President sensibiliséieren, wann een him an d’Ouer géif flüsteren, datt hien eventuell Stroftaxen kinnt aféieren op den CO2.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...