Flunkernews 34/19 vum Serge Olmo

Serbien-Lëtzebuerg ouni Zuschauer : Wéi dat nach net bekannt war, wollte verschidde Lëtzbuerger Supporter de Match op Belgrad kucken goen a si hate scho probéiert Appartementer ze lounen. Verschiddener hate sech um Familljeministère emfrot well si sech do mat „SAirbnp“ auskennen…

Google Informatiounsversammlung:
Vill Leit sinn intresséiert fir lauschteren ze kommen esouguer e Kolleeg vu mir deen an Italien wunnt. Fir Biissen ze fannen war hien op d’App Google Viaggi. Viaggi heescht „Reesen“ op Italienesch. Net datt verschidde Politiker wäerte soen datt et en Interessekonflikt ass datt zu Biissen, an der Google Metropol, de Buergermeeschter Viaggi heescht.

Impeachmentprozedur: Grad den 31.10., also just virun Allerhellgen, hat di Amerikanesch Chamber den Accord ginn fir d’Impeachment Prozedur an der Ukrainaffär. Si si besonnesch zu Kiew gespaant wéi et aus wäert goen. Op Allerhellgen ware vill Amerikaner definitiv an Kiew-fercht Stëmmung.

Gratist Krunnewaasser? Vläicht soll ee geschwënn an de Restauranten gratist Krunnewaasser zerwéiert kréien. Wann een dat dann zur Verfügung gestallt kritt da mëscht Drénkgeld am Restaurant endlech richteg Sënn.

Match à huis clos: Et war quasi eemoleg datt keng Zuschauer bei der Partie Serbien-Lëtzebuerg hunn dierfen kommen. Komesch war och datt di Lëtzebuerger Nationalekipp déi éischt Halbzeit guer net mat war a nëmme nogekuckt huet, di zweet Halbzeit awer gutt gespillt huet. Et sinn der déi soen datt d’Lëtzebuerger esouguer kinnten eng Strof kréien well si di éischt 45 Minutten «Zuschauer» waren a jo keng Spectateuren erlaabt waren…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...