Flunkernews 35/19 vum Serge Olmo

Ass déi 3. Kéier déi richteg? Dat kann ee sech froen, well de SREL-Prozess schonn 2 Mol verluecht gouf. D’Fransousen soe jo «jamais deux sans trois». Ech weess net, ob dat e gutt Omen ass, well de Prozess grad fir den «3.3.» virgesinn ass.

Fatal Konsequenze vum Klimawandel: Am August gouf offiziell an Island e Gletscher begruewen. Et fäert een, datt duerch de Klimawandel Venedeg geschwënn kéint komplett verschwannen. Soss hat een ëmmer vu Venedeg romantesch Kaartn mat «Gondolen» geschéckt. Duerch de Klimawandel muss ee leider vläicht an Zukunft Gondolenzkaarten drécken…

Prënz Andrew; wat eng Blamage: De Prënz huet all seng offiziell Funktiounen opginn, wéinst senge penibele Kontakter a vläicht esouguer Abusen am Kontext Jeffrey-Epstein-Affär. D’Queen gëtt sech domadder net zefridde a wëll, datt hiren Jong elo «Epstinenz» weist.

Kleeschen a Kamäiner: Elo fänkt déi Period geschwënn un, wou de Kleeschen esou lues muss drun denken, duerch déi komplizéiertst a schmuelst Kamäiner ze klammen. Et hofft een, datt hie nach ëmmer net ënner Niklaustrophobie leit.

Josy Barthel net spillbar? Mam ale Wues kann den F91 en Donneschdeg sécher net spillen géint Nikosia. D’Nationalekipp hat jo viru Kuerzem a Serbien ouni Spectateure gespillt. Kann den F91 dann net ouni Wues spillen?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...