Flunkernews 36/19 vum Serge Olmo

Thanksgiving zu Munzen: Fir den Anniversaire vun der Lëtzebuerger Liberatioun ze feieren aus dem Joer 1944 mat Hëllef vun amerikanesche Panzer, gouf elo zu Munzen dat grousst amerikanescht Fest gefeiert. Fir un di amerikanesch Panzer z’erënneren gouf do vu Tanks-giving geschwat.  

Zoufall: Grad op Thanksgiving, do wou de Schnuddelhong oder den Truthahn am Mëttelpunkt steet, huet den F91 um Josy Barthel gespillt géint Nikosia. D’Adress vum Terrain ass jo bekanntlech: «Trut» d’Arlon.

Neit Gesetz: Den amerikanesche President huet iwwerraschend a grad op Thanksgiving zwee Gestzer ënnerschriwwen fir der Demokratiebeweegung zu Hongkong entgéint kommen. D’Chinesen si rosen a soen dat wieren op Thanksging SchnuddelHongkong Gesetzer.

Poopst géint d’Atombomm: Et ass respektabel datt de Franziskus sech géint d’Atomwaffen asetzt. Et gëtt esouguer gesot datt hien e Message wärend senger Chrëschtmass wäert an deem Sënn maachen. Et gëtt vläicht eng Benediktioun Urbi At-ome Orbi.

Geschwë Wanterpaus am Fussball: Diddeleng konnt einfach net Hierschtmeeschter sinn wéinst den enttäuschenden Resultater op nationalem Plang awer och wéinst de grousse Problemer mam Wues an der Europa-League. Keng Chance fir den F91 fir Herbe-stmeeschter ze ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...