Flunkernews 37/19

Black Friday versus Kleeschen: De Black Friday setzt sech ëmmer méi duerch. Wann di Jugendlech de Kleeschen an den Houseker gesinn, mengen der ëmmer méi, dee Schwaarzen wier de Personnage vum Black Friday, a si froen sech wien deen am roude Kostüm ass.

Ëmmer méi verschidde Radaren: No der Vitess ginn et der geschwënn déi kontrolléieren ob een duerch Rout fiert an et kommen der och an Zukunft déi kontrolléieren ob een um Steier telefonéiert. D’Leit ginn duercherneen. Et wees ee geschwë net méi ob een ze séier telefonéiert oder Verschiddener bleiwen esouguer virun engem Radar stoen…

E grousse Personnage zitt sech zréck: De Jean-Claude Juncker huet jo der EU-Presidence Äddi gesot a wäert seng Memoiren schreiwen. Nom „Frisbee Prozess“ wäerten dës publizéiert ginn an et wäert bestëmmt e Best-SRELer ginn.

Net bezuelte Protekoller an eidel Sëtzplazen: Dës zwou Feststellungen sinn e Problem. Moies ass fir op d’Schaff an de meeschten Autoen just de Chauffeur am Gefier. D’Pecherten si net frou datt nach ganz vill Protekoller opstinn. Si hu festgestallt datt, wann si engem ee pechen, dann ass meeschtens esouguer guer keen am Auto…

COP 25 vum 02.12.-13.12.: D’Greta Thunberg ass eréicht 4 Deeg nom Optakt vun der COP 25 zu Madrid ukomm. Et war gewosst datt di jonk Aktivistin ze spéit géif ukommen. Et ass jo och net fir näischt d‘G-Retard Thunberg.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...