Flunkernews 38/19

Frankräich a Rentereform : Grousse Chaos bei eisem Noper. Si sech d’Gewerkschafte bewosst datt dat der Extrème Droite komplett zegutt kënnt? D’Verléierer sinn herno d’Parteien déi fir d’Rentereform sinn an och déi déi dogéint sinn. Eenzege Gewënner ass d’Le Pen-sioun Partei.

ADR negativ am Fokus: Hier ex Vizepresidentin huet sech schéi blaméiert  no hirem Post géint eisen Ausseminister an him seng Asylantepolitik. Do kann een beim ASyl-vie Mischel bal just nëmmen de Kapp rëselen…

Ethik Comité:
Eis Familljeministesch huet  jo eng Mail geschéckt  mat hirem offizielle Kont fir sech géint d’Konsequenzen vum Tram ze beschwéieren. Den Ethik Comité war güteg.  Den Amerikanesche President huet gefrot datt seng Impeachmentprozedur och soll virun eisen Ethik Comité kommen. Do geet et och ëm d’Konsequenzen vum Tram-p.

Russesch Sportler fir 4 Joer gespaart: Keng Olympesch Wanter- oder Summerspiller fir si. D’Russen probéieren elo bei „d’Spiller vun de Klenge Länner“ ënnerdaag ze kommen. Do geet et jo net esou genee. Island ass jo knapp 40 Mol méi grouss wéi Lëtzebuerg an ass dobäi da kënnt et net op e bëssen un. Russland ass jo nëmmen knapp 120 Mol méi grouss wéi Island.

D‘Darts-WM huet de Week-end ugefaangen: Verschiddener wëllen dëst net als Sportart unerkennen mee firwat schwätzt een da grad bei där Disziplin vu Sport-Darts?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...