Flunkernews 39/19

D’Nancy Pelosi bei eis: Déi amerikanesch Spëtzepolitikerin huet d’USA op den Commemoratiounsfeiere representéiert. D’Feier war grad an der Chrëschtperiod, an där jo een Traditiounsbeemchen dominéiert. D’Nancy Pelosi ass jo d’Presidentin vum Represen-Tannenhaus an et goung ëm d’Ar-Dännenoffensiv.

Manner Schnéi wéinst dem Klimawandel: Op ville Plazen am Wantersport ënnersteet d’Preparatioun vun de Pisten net méi dem Tourismusministère, mä dem Kulturministère, well et ka geschwë nëmme nach Schi gefuer gi mat Konscht-schnéi.

Mini Äerdbiewen: Den Epizenter war iergendwou bei der A3 tëscht Alzeng a Fréiseng. Dat ass am Fong net onlogesch, datt en Äerdbier-wen bei Fraise-eng ass.

Kee Freedefeier op Silvester: Dat ass den Trend op ëmmer méi Plazen. Ee vun den Argumenter ass fir d’Déieren net z’erféieren a virun allem d’Hënn. Firwat gëtt dann op Silvester vu Knuppert-hënn geschwat?

Darts WM: Et ass ëm de Joreswiessel e risen Event zu London mat dausende Spectateuren, déi kucken, wéi op d’Zilscheif geschoss gëtt an dat mega mediatiséiert gëtt. Et ass definitiv eng Traditioun op Zil-vester, och well Freedefeiler geschoss ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...