Flunkerréckbleck Deel 1

Keng gratis Plastikstute méi: No engem Communiqué vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable gouf dat offiziell gemaach. Dëse Ministère ass definitiv am Kontext vu Plastik-Offall de Ministère de Tut-elle.

Presidenten: D’Situatioun an deem Südamerikanesche Land ass enorm gespaant well esouwuel de Maduro wéi de Guaido behaapten si wieren de legitimme President. Et ass definitiv einfach een ze vill. Iergendwéi passt dat awer leider well d’Land jo Vene-zwee-la heescht.

Gläichberechtegung: Op der nordescher Schi-WM gouf wuel vun Dopping geschwat, mä et gouf awer och Positives ze vermellen. D’Dammen an d’Häre waren am Schisprange vun derselwechter Schanz gesprongen; dat nennt ee Schanzegläichheet.

Giel Gileten och zu Lëtzebuerg: Et ware nëmme ganz wéineg Leit ugangs dës Joers dem Appell gefollegt, fir um Kierchbierg ze manifestéieren. Si hate bestëmmt net zoufälleg d’Strooss erausgesicht, wou si sech sollten treffen an zwar d’Avenue Jaune F. Kennedy um Kierchbierg…

E Wollef zu Lëtzebuerg : Dëse sollt sech tëscht Käerch a Simmer opgehalen hunn. D’Schofsbesëtzer waren e bëssen a Panik. Et ass awer am Fong logesch, datt dës wëll Déiere sech esou op d’Schof fokusséieren, well et ass jo e Woll-ëf.

Wichtege Streik fir de Klima: Am Mäerz war jo de risege Streik vun de Schüler. Schockant ass et datt vill Gletscher ëmmer méi schrumpfen. Et ass och net fir näischt datt de Rendezvous um GLACIS war wou d’Surface och ëmmer méi schrumpft. 2017 esouguer ëm 10% wéi den Tram koum.

Suitte vum Streik géint de Klima: D’Organisateuren hate vu 15.000 Schüler geschwat, déi gestreikt haten. D’Police vu 7.500 Jonker. Eng Delegatioun vun den Organisateuren war bei de Premier gaangen. Et gouf vu 15 Leit geschwat déi beim Premier invitéiert waren; d’Police hat vun vu 7,5 Leit geschwat.

Filmer op Ouschteren: Dee Week-end goufe nees vill Filmer vun alle Genren op alle Statioune gewisen. Verschiddener hate natierlech och Cowboyfilmer programméiert. Ech fannen dat passt sech net op Ouschteren fir «Western» ze weisen; et wieren souwisou éischter «Ostern» gewiescht.

Alt nees e Feier-dag méi am Mee: An deem Mount ware jo schonn e puer Feierdeeg, haaptsächlech wann de Päischtméindeg och an dee Mount fält. Solle mer aus dem Mee net einfach emol e Feier-mount maachen?

Giro d’Italia ganz international: Iwwer 30 Nationalitéiten goufe bei den Coureuren vum Giro gezielt an trotzdeem hu sech d’Cyclisten ënnereneen verstanen. Dat war bestëmmt de Fall, well si ëmmer di richteg «Iwwersetzung» fonnt hunn…

Nuetsmarathon a Kenianesch Victoire: Dëst Joer haten di Kenianesch an aner afrikanesch Leefer richteg Chance datt eis bescht Athleten dee leschte Week-end am Mee nach am Montenegro waren op de Spiller vun de klenge Länner.

JPEE am Montenegro: Obwuel et relativ gutt organiséiert war, ware ganz wéineg Spectateuren d’Kompetitiounen kucken. Anscheinend woussten di meescht Montenegriner net datt di Spiller vun de klenge Länner do organiséiert goufen. Verschiddener woussten emol net datt si e klengt Land wieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...