Flunkerréckbleck Deel 2

Dronenaffär um Josy Barthel: Dëst ass déi Deeg geschitt wou d’CSV bei der DP an der LSAP inoffiziell probéiert hätt fir an d’Regierung ze kommen. Et wier also keng Gambia-Koalitioun méi mee eng Rout-Blo-Orange Koalitioun; also d’Faarwen vum Armeneschen Fändel. Dofir soen Verschiddener datt dee mam Dron um Fussball en CSV Aktivist kinnt gewiecht sinn.

Endlech Salairegerechtegkeet gefuerdert: Den EU-Kommissär Nicolas Schmit wëll net méi datt uechter Europa de Lounënnerscheed tëscht Mann a Fra, fir di selwecht Qualifikatioun, bis zu 50% ass. De Kommissär ass zouversiichtlech datt geschwënn Fraen a Männer dat selwecht um Paiziedel wäerten hunn. Verschidde Fraen wäerten da leider a muenche Länner just all zweete Mount e Paiziedel kréien.

Bancomat: Grad déi Deeg am Oktober wou di Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt war, gouf zwee Mol e Bancomat bei eis am Land gesprengt. Et sollt jo en SUV mat Belsche Placken am Coup sinn. Déi zwou Explosiounen goufen phaseweis méi kommentéiert wéi d’Visitte vum SUVerain vun de Belsch.

Tennistournoien op Allerhellegen: Hei zu Lëtzebuerg gouf zu Péiteng bei den Damme gespillt, bei den Hären war et op héchstem Niveau zu Paräis. Déi Traditioun, ëm Allerhellegen an Allerséilen Tennis ze spillen, gëtt et schonn zanter der grousser Epoch vum Steffi GRAF a vum Arthur ASH.

Keng WM: Zu Santiago, der Chilenescher Haaptstad, hat di Lëtzebuerger Karate Jugend-Nationalequipe d’WM missten ofsoen well si aus hirem Hotel evakuéiert huet misste ginn. D’Manifestanten hate sech deelweis vum Fonktionnement vun de Giele Gilleten inspiréiert. Hei gouf ebe just vu «Chile jaunes» geschwat.

Lëtzebuerg-Ukrain d’Suite: Lëtzebuerg krut jo am Fussball ni um gréngen Dësch seng 3 Punkten géint d’Ukrain. Ufank November gouf et vläicht en Zeechen an dem Sënn. D’Malu «Dreyer» war jo hei, d’Ministerpresidentin vun Ukrain-land Pfalz.

Klimakonferenz: D‘Greta Thunberg hat refuséiert e Fliger ze huelen, fir aus Amerika a Spuenien ze fléien fir d’COP 25, dëst natierlech well d’Fliger enorm vill CO2 an d’Atmosphär verbreeden. Ech vermeiden, wéi ganz vill aner Leit och, de Fliger ze huelen. Vläicht war dat am Fong ni Fluchangscht, mee CO2 Angscht.

Google Informatiounsversammlung: Vill Leit waren intresséiert fir lauschteren ze kommen esouguer e Kolleeg vu mir deen an Italien wunnt. Fir Biissen ze fannen war hien op d’App Google Viaggi. Viaggi heescht „Reesen“ op Italienesch. Net datt verschidde Politiker wäerte soen datt et en Interessekonflikt war datt zu Biissen, an der Google Metropol, de Buergermeeschter Viaggi heescht.

Black Friday versus Kleeschen: De Black Friday setzt sech ëmmer méi duerch. Wann di Jugendlech de Kleeschen an den Houseker gesinn, mengen der ëmmer méi, dee Schwaarzen wier de Personnage vum Black Friday, a si froen sech wien deen am roude Kostüm ass.

ADR negativ am Fokus: Hier ex Vizepresidentin hat sech schéi blaméiert no hirem Post géint eisen Ausseminister an him seng Asylantepolitik. Do konnt ee beim ASyl-vie Mischel bal just nëmmen de Kapp rëselen…

Russesch Sportler fir 4 Joer gespaart: Keng Olympesch Wanter- oder Summerspiller fir si. D’Russen probéieren elo bei „d’Spiller vun de Klenge Länner“ ënnerdaach ze kommen. Do geet et jo net esou genee. Island ass jo knapp 40 Mol méi grouss wéi Lëtzebuerg an ass dobäi; da kënnt et net op e bëssen un. Russland ass jo nëmmen knapp 120 Mol méi grouss wéi Island.

Frankräich a Rentereform : Grousse Chaos bei eisem Noper. Si sech d’Gewerkschafte bewosst datt dat der Extrème Droite komplett zegutt kënnt? D’Verléierer sinn herno d’Parteien déi fir d’Rentereform sinn an och déi déi dogéint sinn. Eenzege Gewënner ass d’Le Pen-sioun Partei.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...