
Objektiv Wahlanalys: D'ADR huet elo d'Erklärung fonnt fir hiert schlecht Ofschneide bei de Wahlen. A muenche Wahlbureaue war d'Ficelle vum Bic oder Bläistëft esou kuerz, datt een net bis bei d'Lëscht 7 koum, fir do e Kräiz ze maachen.
Maison Relaisen: Dës Rentrée sinn hei nees vill méi Kanner ageschriwwe ginn. D'Gestioun gëtt ëmmer méi schwéier; en plus sinn d'Nimm vun de Kanner ëmmer méi komplizéiert ginn. Et ass mëttlerweil bei verschiddene méi einfach fir hir Matricule ze verhalen wéi hiren Numm.
Problemer mam Motilium: Hei zu Lëtzebuerg gëtt de Motilum nëmme méi nach mat enger Ordonance geholl. Ech hat probéiert, krut d'Ordonnance awer net gutt verdaut.
D'Ratingagencë sinn op der ganzer Welt in: De Moment och zu Lëtzebuerg, well no de Wahlen hu verschidde Buergermeeschteren si gefrot, fir hinnen ze hëllefen, d'Majoritéit op d'Been ze setzen. Si ginn an dem Fall Schäffe-Ratingagencë genannt.
Tennistournoi: Am internationalen Dammentournoi schwätzt kee während den Echangen. Een, deen näischt vun Tennis versteet, mengt, datt d'Spectateure lauter scheier sinn a fënnt dat demno normal, datt op der Kockel-scheier gespillt gëtt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...