Flunkernews 1/20

De Poopst verléiert d‘Nerven : De Franziskus gëtt net gären mam Aarm gezunn wat hien dës Deeg am Vatikan gewisen huet wéi eng Fra hien beim Aarm geholl huet. Hien heescht och net fir näischt Fraen-zieh-skus.

Arsenal géint Chelsea: Et gëtt eng grouss Rivalitéit tëscht deenen zwee Londoner Veräiner. Déi Supporter kucke sech emol net mam Hënner. Op der Tëlee ass dat awer ëmmer echt wann di 2 géinteneen spillen well et ass um Ecran ARS-CHE ze liesen.

Dräikinnekskuch: Et ass a verschiddene Länner eng bekannt Traditioun wéi bei eis oder a Frankräich, an der Belsch oder am Libanon. De Carlos Ghosn huet dohannen dee Kuch genoss mat vill Fran-Japan.

Veganen Dräikinnekskuch: Obwuel nëmmen Liewensmëttelen benotzt goufen di net vun Déieren koumen wollte meng vegan Frënn eise Kuch net iessen. Si froen sech wat dann mat den 3 Kinneken ass…

Den Dakar a Saudi Arabien: Dat Land, mat engem autoritären Regime, mëscht sech domadder eng riseg Pub. Vü datt si net wäit vun der helleger Plaz fueren hu si op manner Mekka-nesch Problemer gehofft. Muncher een huet och net vu Rally Raid geschwat mee vu Rallye Riyadh.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...