Flunkernews 2/20

Afrikanesch Schwéngspescht: Wéi ass dat z’erklären datt an der Belsch iwwer 800 Wëllschwäin positiv sinn op d’Schwéngspescht a bei eis keen. Wéi ass dat och méiglech dat di krank Schwäin net och op eiser Säit vun der Grenz sinn. Hu si kee Passe-porc?

USA vs Iran: De President Trump hat vum verstuerwenen iraneschen Generol Suleimani gesot hie wier e „Son of a Bitch“. D’Iraner soen hirer Säits vum Trump hie wier e „Son of a Impeach…“.

Rentereform a Streiker: Et gëtt a Frankräich weider gestreikt, scho bal 50 Deeg laang, obwuel de Punkt vum „âge pivot“ oder „âge de référence“ vu 64 Joer aus dem Text geholl gouf. Et kann ee sech froen ob ee vläicht een âge Pivot soll maachen fir de Streik. Soll ee net no 64 Deeg Streik direkt kënnen an d‘Streikpensioun goen?

Dräikinnekskuch bei de Windsor: D’Queen hat den Harry, de William an den Charles invitéiert fir mam Harry ze klären wisou hien an d’Meghan sech zréckzéien. Am Dräikinnekskuch, deen zerwéiert gouf, waren 3 Bounen. De Harry krut e Stéck ouni Boun an hien huet als Eenzegen d’Kroun mussen ausdoen. Dat war fir d'Queen en däitlecht Zeechen...
 
Midde Match: Am Engleschen FA Cup hat Tottenham elo kuerz géint Middlesborough gespillt. Phaseweis war de Match immens fade an ermiddend. Um Ecran stoung uewen am Eck och TOT-MID ze liesen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...