Flunkernews 3/20

Crassier zu Déifferdeng: ArcelorMittal seet sech onschëlleg. De Stolkonzern hätt näischt mam Problem ze dinn a géif keen Dreck dohi bréngen. Firwat mussen d’Leit, wa si am Süde vum Land bei Arcelor schaffe ginn, dann en Extrait vum „Crassier Judiciaire“ ofginn?

Enquête ronderëm eis Monarchie: D’Konklusioune sinn anscheinend eraus. Et ass schonn duerchgesickert, datt eis gebierteg kubanesch Grande-Duchesse villes no hirem Kapp mécht. Vläicht kënnt si sech heiansdo vir, wéi zu La Haff-anna.

Lybiekonferenz: D’USA, Groussbritannien, Däitschland, Frankräich ënner anerem goufen hei vu wichtegen Dirigente vertrueden. Eng Wafferou ass erausgesprongen. Et misste méi franséisch Zaldoten an där Regioun sinn. Dës géife bestëmmt, wéi et de Moment Usus ass an hirem Land, permanent streiken. Dann hätte mir d‘office méi Wafferouen…

Benedikt de XVI: De fréiere Poopst huet sech aus senger Pensioun gemellt, fir sech fir den Zölibat an der Kierch anzesetzen. Vill Fotographen a besonnesch d’Fotographe vun de Staren, waren drop aus, den Ex-Poopst ze fotographéieren. Et waren dat virun allem Paparazzi-nger.

Méi Chargybornen fir d’Elektroautoen: Elo kann ee sech méi Zäit huelen, fir d’Batterie ze fëllen. Wann d’Batterië vun engem Elektroauto bis zum Maximum gefëllt sinn, seet een da säin Auto wier Vol-t-getankt?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...