Flunkernews 4/20 vum Serge Olmo

Harry a Meghan: Firwat ass et esou séier gaangen an d’Queen war esou rosen iwwert d’Meghan? Et ass zwar net duerchgesickert, mä och an England hat den Jeannot Waringo e Rapport iwwert déi kinneklech Famill geschriwwen.

D’Delphine Boël Duerschter vum Albert 2: Den ADN huet de Beweis definitiv bruecht an de Fall ass gekläert. Den ex Kinnek ass also «Le Roi des Boëlges».

De Brexit ass do: Glécklecherweis ass de Coronavirus nach kee ganz grousse Problem a Groussbritannien. Wa vill Leit ugestach gewiescht wieren, da wier et vläicht elo kee Brexit ginn, well wann d’Leit a Groussbritannien de Virus hunn, dann dierfen d’Britte net erausgoen.

Trump bei Maniff géint d’Ofdreiwung: Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun den USA huet e President bei enger Antiofdreiwungmaniff deelgeholl. An der Maniff waren haaptsächlech Leit vu sengem politesche Clan. An all Fäll wëlle seng Supporter, datt de Bébé soll op d’Welt kommen, et si jo Republi-kanner.

De Salvini huet an der Emilia Romagna verluer: An der Regioun, wou Bologna d’Haaptstad ass, huet déi lénks Koalitioun d’Wale gewonnen. Bologna ass also net nëmmen d’Haaptstad vun der bekannter Nuddelszooss, mee also och d’Stad vun de Zoossialdemokraten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...