Flunkernews 05/20 vum Serge Olmo

Keng disziplinaresch Konsequenzen: Et gouf e puer Deeg vill iwwert den populärsten Dän am Vëlossport geschwat. De Jakob Fuglsang sollt vläicht verbuede Produiten geholl hunn. Hei zu Land hat dat héich Welle geschloen well hien en a-dopp-tiv Lëtzebuerger ass.

No 8 Joer ass Schluss: Den ex Vizepremier Etienne Schneider zitt sech aus der Politik zréck. Hie wäert bestëmmt seng Zukunft hunn an enger grousser internationaler Entreprise. Op jidder Fall elo ass et no 8 Joer Regierung fir den «Eight year End» Schneider Schluss.

Suitte vum Waringo Rapport: D’Fra vum Grand-Duc ass net méi am Organigramm vum Haff. Mir hu Chance datt mir net a Frankräich sinn well soss hätt bestëmmt d’Grand-Duchesse Gewerkschaft protestéiert an et wier warscheinlech zum Monarchiestreik komm…

Den Trump um Zenit: Nodeems den amerikanesche President am Impeachment Prozess wäissgewäsch gouf war hien net méi ze bremsen an huet de Geck mat der Ukrain Affär gemaach. Et sinn der di nennen hien Donald D’Uck-rain.

Virwalen am Iowa: Et huet een sech gefrot firwat d’Virwalen vun den Demokraten am Iowa ufänken. Elo weess een net. Et ass kloer datt do ganz fréi ugefaange gëtt well ee riskéiere géif bis November net ausgezielt ze hunn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...