Flunkernews 06/20 vum Serge Olmo

Konsequenze vum Stuerm: Et huet esou vill geblosen datt een e bëssen Angscht hat datt d’Kanner kinnte fortfléien. Emol eng Kéier wier et deemno sënnvoll gewiescht dat deene Klengen hir Schoulsäck esou schwéier sinn. Mee grad deen Dag war d’Schoul net obligatoresch an d’Schoulsäck waren liicht oder iwwerflësseg.

Warnung: Ürsprénglech kënnt eis Monarchie, wéi och di Hollännesch, vun der Dynastie Orange-Nassau. Wéi de leschte Week-end vun Alerte «Orange» geschwat gouf an d’ganzt Land komplett «naass» war, hat ech gemengt et wier nees eppes um Haff.

Bankesecteur: Esouwuel Männer wéi Fraen, déi op der Spuerkeess schaffen, sinn opbruecht well vill Agencen zou maachen. D’Ministesch fir d’Chancëgläichheet suivéiert den Dossier deemno ganz genee besonnesch well verschiddener eng A-gencëgläichheet wéilten.

Populismus ouni Récksiicht: Di extrème riets Parteien profitéieren vum Corona-Virus a soen et wier ganz geféierlech datt Auslänner erakommen. Dat ass absolut hannerhälteg well sech di Leit net kënne «Viren».

Leicester géint Chelsea: An dësem wichtege Match war et an de Premier League heiansdo méi haart hiergaangen. E puer Mol louchen d’Spiller um Buedem a hu sech eng Zäit net méi beweegt. Et huet ee Moment ausgesinn wéi wann se dout wieren. Dat war besonnesch bedenklech well uewen am Eck vun der Tëlëe Lei-Che stoung.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...