Stierm an Nimm: Meeschtens kréien d’Stierm keng zesummegesate Nimm, Mä éischter kuerzer. Spëtz-nimm sinn och net ubruecht, wat iwwerraschend ass, well een hei awer ëmmer vu Wand-Spëtzte schwätzt.

Fueszäit: An Amerika gëtt d’Fuesent ëmmer méi gefeiert, och well mam President Trump en ideale Personnage um Rudder ass, fir de Geck ze maachen. De Karneval ass wuel net esou bekannt, wéi de Fasching bei eisem däitsche Noper, mee d’Kavalkaden huelen zou. An der Amerikanescher Haaptstad, wou jo den Trump haust, schwätzt een esouguer scho vun Fasching-ton.

De Weinstein onschëlleg? Et ka jo net sinn, dat sech déi Fro nach gestalt gëtt, wann et esou vill Plainte ginn. Seng Affekotin ka vläicht de Fräisproch froen, fir déi aner ronn 3 Milliarden Fraen, déi hien net abuséiert huet, mee awer net fir déi, déi him de Prozess maachen.

Earth Overshoot Day: De 16. Februar hunn d’Lëtzebuerger theoretesch schonn hir Ressourcen opgebraucht, wat leider bal Weltrekord ass. Eist Land hätt et missten de 29. Februar packen a soen, mir géifen ëmmer bis de 29. Februar duerhalen. Et géif da bei eis 4 Joren daueren, bis mir dli theoretesch Ressourcen géifen opbrauchen. Dat wier definitiv Weltrekord.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...