Den Nicolas Sarkozy nees Papp: Dëst ass en intelligente Schachzuch vum franséische President, dee vläicht net méi ganz laang am Elysée ka bleiwen. Hie weess, datt egal wat hie mécht, tëscht dem 1. November an dem 15. Mäerz keen expulséiert ka ginn an och dono ass et bal onméiglech, eng Famill mat engem Bébé aus enger Wunneng ze kréien.

Sozialistesche Kandidat fir 2012: De François Hollande wëll säi Land no lénks orientéieren an huet jo reell Chancen, d'nächst Joer den neie franséische President ze ginn. Hie fillt sech mat sengem Familljennumm beruff, well wann een de Franséische Fändel no lénks dréit, da gëtt et den Hollänneschen.

Allerhellgen ass net méi in: Fir di meescht Kanner a Jugendlecher ass di Vakanz, déi kënnt, net méi d'Allerhellegevakanz, mä d'Halloweenvakanz. Just op de Griewer gesäit een nach d'Traditioun vun Allerhellegen an dann nach. Mëttlerweil kritt e schonn Arrangementer fir op d'Graf mat Kürbisen, Gespenster, Monsteren ...

Voyeurismus an de Kabinnen: Beim Basketclub Racing ass jo erausfonnt ginn, datt am Dammevestiaire e Mann d'Spillerinne gefilmt huet. De Mann ass och Fan vum Stater Racing am Football an huet fonnt, datt seng Aktioun bei den RFCUL passt.

Den Dan Theis ass fort: Den Trainer vum F91 ass haaptsächlech wéinst der Press a besonnesch de Fotografe virun d'Dier gesat ginn. Hie sot an all Interview, hie géif sech virun d'Equip stellen an hien huet dat och gemaach. D'Fotografe ware fuerchtbar rosen, well si dowéinst ni eng brauchbar Foto konnte maachen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...