Flunkernews 8/20

Rees an Indien: Den Amerikanesche President huet wärend der rezenter Visitt an Indien alles gemaach fir ze weisen datt fir hien Indien immens wichteg ass. Hie respektéiert och hire Glawen wéi zum Beispill d’Unhimmele vun de Kéi. De Beweis ass datt d’Amerikaner hir Haaptstad Vache-ington genannt hunn.

Duell Bloomberg-Sanders: De Bloomberg, ee vun de räichsten Mënschen iwwerhaapt, ass prett Milliounen z’investéieren fir d’Demokraten ze representéieren. Hien huet jo vill Tëleessender déi him gehéieren wat grad elo wichteg ass. Obwuel hien keng Sender huet ass awer de Favorit bei den Demokraten de Bernie «Senders».

Kontrollen ugeduecht: Wéi am Fussball soll och fir den Haff driwwer nogeduecht ginn fir e Videoassistent z’installéieren an d’Situatioun ze suivéieren mee do heescht d’Technik vum VAR dann éischter WAR-ingo.

Gefor beim Reesen: Deemno wou et higeet bidden verschidde Reessagencen Vakanzen un wou mat der Rees direkt d’Quarantän mat ka gebucht ginn.

Di 11 Spuerkeesagencen retten: Verschidde concernéiert Buergermeeschter wëllen d’Agencen net zouzemaachen mee op Standbye oder a Quarantän setzen. Dëst well kee weess wéi et weider geet mam Coronavirus an och der Baisse vum Boursen Index CAC 40. Ass et och international wéinst den annoncéierten « Quarantänen » datt de CAC « 40 » biergof geet?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...