Réusséierten éischte Fraestreik: Am Virfeld hat e bekannt Beautygeschäft wëlles d’Miss Fraestreik ze wielen. Ech mengen do hat een wierklech näischt verstanen…

AUDIO: Flunkernews 9/20

Verleeën: Vill Manifestatioune ginn an den Hierscht verluecht, well elo keng Spectateuren dierfe kommen, dat op kulturellem oder op sportlechem Plang. Déi International Meditatiounskonventioun sollt am Hierscht sinn. D’Organisateuren hunn dës awer elo an de Mäerz virverluecht, fir relax ouni Public kënnen ze funktionéieren.

Gratis Transport: Dat schéngt nawell Succès ze hunn. Geschwë kënnt och d’gratis Kannerbetreiung. Gëtt dës gratis, well se am ëffentlechen Transport wäert stattfannen?

Frisbee Prozess: Warscheinlech goufen 2007 méi Leit ofgelauschtert. Waren d’CDe kryptéiert oder net? Deemno wou an um wéi vill Auer verschidde Leit ofgelauschtert goufen, kann et sinn, datt ee se net verstanen huet, och wann d’CDen net kryptéiert waren.

US Presidentewalen: Et wäert wuel en Duell gi Sanders/Biden, fir géint den Donald Trump unzetrieden. Et sinn der schonn amgaangen ze kucken, ob een d’Wäisst Haus net soll als Altersheim ëmklasséieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...