Flunkernews 10/20

Muffelen an Iwwereaktioun: Am Kontext Muffel Problematk gouf an de soziale Medien absolut iwwerdriwwen. Di 2 Clanen hunn ouni Récksiicht géinteneen geklaapt. Bei der Wëllschwäin Problematik goung et ëm Klappjuegd; bei de Muffelen éischter ëm Klaap-juegd.

Bal genee opgaangen: Den ex Produzent Weinstein gouf zu 23 Joer Prisong ugeklot. Et war dat bal genee um Weltfraendag. Dat wier dach e flotte Symbol gewiescht.

Mentalitéitswandel: D’Leit huelen de Virus eescht wat Resultater ka bréngen. Soss hunn a Versammlungen d’Leit haart gehouscht fir datt kee mierkt datt ee gepuupt huet. Mëttlerweil pupen d’Leit haart fir net ze weisen datt si houschten.

Vill kritiséiert: D’Spuerkeess gouf jo vill geschleeft well dës decidéiert hat, vum 27. Mäerz un, 11 Agencen zou ze maachen. Wann et esou weider geet, da kann et gutt sinn datt och aner Banken wäerten ëm déi Zäit, vläicht esouguer méi wéi 11 Agencen zoumaachen…hoffentlech provisoresch.

Leider ekonomesch Prioritéiten: Verschidde Fluchgesellschaften loossen hir Fligeren léiwer quasi eidel fléien a Plaz Clienten ze rembourséieren fir ze beweisen datt de Fluch stattfonnt huet. Eidel fléien ass eng ganz traureg Konsequenz vum CO-Vide-19.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...