Flunkernews 11/20

Steiererklärung: Obwuel den Datum, fir se of ze ginn, no hanne verréckelt gouf, hunn ech mech dohannert gesat. Bei menger Fra hunn ech wéi ëmmer bei Professioun «Femme au Foyer» geschriwwen, mee si mir an dëser Kris net alleguer eng Femme oder en Homme au Foyer?

2 nei Beroder: Et kommen 2 nei Leit op den Haff schaffen. Si hunn awer nëmmen zougesot, well si professionell Garantië kruten, well den Turnover do ganz grouss ass. Déi 2 hu sech och bestëmmt eng gutt Haftflicht geholl.

Gebuertsdag: Viru 4 Joer gouf den éischten fixe Radar installéiert. An dëser Zäit, wou een net dierf ronderëm fueren, missten d’Radare méi kontrolléieren, wéi vill mol ee laanscht fiert a net, mat wéi vill.

Wgl. net hamsteren: Verschidde Leit kënnen et einfach net loossen, wat traureg ass. Et sinn der esouguer déi sech, elo wou d’Fréijoer ufänkt, eng Hallef Dosen Sätz Summerpneue kafe ginn.

Wichteg Gewunnechten: Mëttlerweil ass ee grad esou laang wéi virdrun op der Toilette, mee haaptsächlech fir d’Hänn grëndlech ze wäschen. Déi aner Saachen, déi een do mécht, mécht een elo just nach niewebäi.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...