Flunkernews 12/20 vum Serge Olmo

Vill Entreprisen zou: Vill Restauranten hunn op a proposéieren en Takeaway. D’Coiffeuren hunn all zou. Verschiddener sinn net frou driwwer a fannen dat net gerecht, well si gehéieren jo och zum Hoer-esca Secteur.

Eis bescht Frënn: An all Land sinn d’Hausdéieren am Fong quasi deen eenzegen Alibi, fir aus dem Haus ze dierfen. Et ass deemno komesch, datt grad dës Déieren Haus-déieren heeschen.

Ganz komesch Situatioun: Wa een elo keen Ënnerscheet gesäit a sengem Privatliewen am Verglach zu virum Coronavirus, da misst dee sech ganz seriö Gedanke maachen iwwert säi Sozialliewen.

Juegd bleift erlaabt bei eis: Wann den Dag vun der Juegd kënnt, da wier et gutt, wann een den Déieren kéint matdeelen, si sollen an hirem Doheem a Quarantaine bleiwen.

Opstand zu Schraasseg: Well am Fong all Mënsch de Moment agespaart ass, hu verschidde Prisonéier gemengt, si géifen d’Deeg vun der Kris net ugerechent kréien a misste dës nosëtzen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...