Flunkernews 13/20

D’Olympesch Spiller gottseidank verluecht: Wier dat net geschitt dann hätt ee kënne fäerten datt een sech net fir Tokyo 2020 qualifizéiert hätt mee et hätt een sech vläicht leider qual-infizéiert…

Juegd op d’Muffelen: Nom 15. Abrëll gëtt et beim Buergermeeschter YVES Wengler senger Uertschaft Iechternach eng administrativ Juegd op d’Muffelen well dës vill futti maachen. Wat ass eng administrat-YVES Juegd?

Tester iwwerall: An all Land gëtt probéiert di effikasst Tester z’entwéckelen géint de COVID-19. A Nordkorea hunn se virun e puer Deeg e Rakéitentest gemaach. Ech sinn awer net iwwerzeegt datt dat de Fall war fir géint de Virus ze kämpfen.

Tricksen: Natierlech ass et liewenswichteg net VIRUN d’Dier ze goen ausser fir ganz wichteg Grënn. Ech hunn héieren datt Verschiddener wëlles hätten hier Dier mat eraus ze bréngen a HANNENDRUN ze bleiwen.

Basketfederatioun: No villem Hin an Hir, wou ee net wousst wat decidéieren, geet et elo an d’Richtung all déi 10 Ekippen aus der héchster Divisioun ze huelen plus all déi 10 aus der 2. héchster Divisioun. Déi Ekippen ginn additionnéiert fir op en Total vun 20 ze kommen. D’Championnat heescht jo net fir näischt TOTAL-League.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...