Flunkernews 14/20 vum Serge Olmo

Tracking: A munche Länner gëtt et schonn eng App déi ee kann installéieren a wou een iwwer Bluetooth kann erausfannen ob ee vläicht an der Géigend ass vun enger Persoun déi Covidpositiv getest ass awer net nëmmen. Verschiddener goufen anscheinend gepëtzt well si beim Fueren e Patt ze vill gedronk haten an ze vill Alkohol am Blutt-tooth haten.

Wat kënnt nom Confinement? Jiddereen stellt sech gespaant dës Fro besonnesch awer d’Bankemployéen. Konkret froe si sech, wann herno jiddereen eng Mask unhuet, wéi si dann kënnen erausfannen wien e Gauner ass a wie net.

Tour de France: D’Organisateuren maachen et ganz spannend mam Tour a Plaz en ze verleeën oder of ze soen. Si sollen dach net esou maachen wéi wann dat eenzegaarteg wier well vun 1999 bis 2005 gouf et och kee Gewënner am Tour an dat wéinst Dopping.

Bréifdréier: Mëttlerweil hu vill Bréifdréier, déi jo eng ganz wichteg Aarbecht leeschten, Masken un woubäi Verschiddener méi komesch Formen hunn. E klengt Kand huet mech d’lescht gefrot wéi et e Bréifdréier vu Wäitem gesinn mat eppes um Gesiicht, ob si Bréifdréier heeschen well si e Bréif am Gesiicht droen?

Virfreet: Hoffentlech ass di schro Pandémiezäit geschwënn eriwwer an et huet ee vill ze vill Respirateuren iwwerall an de Länner. Et wier dann flott wann all déi Firmen, déi dës Apparaten hierstellen, géifen kënnen ëmswitcher fir Deeler vun Autoen oder fir aner Industrien ze produzéieren fir eis Ekonmie nees ze relancéieren. Am Fong ëmgedréint wéi elo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ..