Mesures barrières: Dat ass jo en Thema, vun deem permanent geschwat gëtt. Et gesäit een och ëmmer méi Leit, zum Beispill bei engem Passage à Niveau, déi, wann den Zuch bis laanscht ass, d’Längt vun der Barrière moossen. Do hunn der zwar net richteg verstanen, wat mat „mesure barrière“ gemengt ass.

Made in…: Op ganz vill informatescht Material steet „Made in Taiwan“ drop a vun do sinn och informatesch Viren fortgaangen. Elo gëtt vu munche behaapt, datt den aktuelle Pandemie-Virus eventuell aus engem Labo staamt an et sinn der, déi dowéinst soen, dëse wier eventuell „Made in Tai-Wuhan“.

Demokratesche Kandidat: Et kann ee sech mat Recht froen, wat beim ex Vize-President, dee mam offizielle Numm Joseph Robinette Biden heescht, de Numm Robinette bedeit. No laangem Sichen ass erausfonnt ginn, datt dat net onlogesch ass an et beim BIDEN ROBINETTE passt, well all BIDDEN huet jo e KRUNN.

Wichteg Produiten: An der Ufanksphas vum Confinement war phaseweis keen Toilettepapeier ze fannen an et sinn a verschiddene Länner munch Beruffssparte gefrot ginn, fir mat ze hëllefen, fir es ze produzéieren. Haaptsächlech haten virun allem d’Agri-CUL-teuren eng Hand mat ugepaakt.

Ouschteren: Um Ouschter-Weekend hunn d‘Leit bal nëmmen iwwer Maske geschwat an d’Sanitairekris am Allgemengen. Et ware keng richteg Fêtes Pasquales, mä éischter Fêtes Masquales.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ..