Flunkernews 16/20 vum Serge Olmo

De Pëtrolspräis esouguer ënner Null : De haapt Problem ass datt et keng Plaz méi gëtt fir kënnen de Pëtrol ze stockéieren. Firwat hunn Produzenten gesot si wéilten de Pëtrol stockéieren an hu net gesot si wéilten de Pëtrol confinéieren. Am Fong ass et dat selwecht mee dat hätt hinne warscheinlech Subventioune bruecht.

De Comeback vun de Fastfood : Haaptsächlech den éischten Owend wou de McDo opgemaach huet an ech beim Lanschtfueren di riseg Waardeschlaangen gesinn hunn, hat ech gemengt do hätt een de Vaccin fonnt géint de Virus…

Exitstrategie mat Masken: Och an der Kierch gëtt sech natierlech op di Zäit nom Confinement preparéiert. E grousse Problem wäert sinn, Leit a besonnesch Jonker ze fannen, déi dem Paschtouer wäerten hëllefen. Et ass net evident Maskendénger ze fannen.

Deconfinement an den Hondschoulen: Nodeem decidéiert gouf datt d’Schoulen geschwënn dierfen opmaachen ass och elo kloer datt sech an den Hondschoulen Gedanke gemaach ginn. Wann dës opgemaach ginn, hunn dann d’Meeschteren an d’Instrukteuren eng Mask un an d’Hënn e Maulkuerf?

Tour de Suisse digital: Et gi 5 Etappen organiséiert wou d’Cyclisten um Hometrainer vun doheem aus géinteneen untrieden. Nieft engem Coureur huet een um Ecran aner Cycliste gesinn. Si hu bestëmmt eng ganz performant App fir sech ze connectéieren. Ass dat di Trackingsapp vun däer vill geschwat gëtt fir den Déconfinement a wou ugewise gëtt datt een Positiv ass an engem senger Géigend?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...